GLADBACHER FOHLEN LETZEBUERG
                                              Fanclub vun Borussia Mönchengladbach

 

Links Startseite Fan-Shop Ticket.-Service News
Dezember 2011 08.12.2011 - 11:35

NEWSLETTER

FIR EIS MEMBEREN

Leif Memberen.

Mir wellen ierch als eischt eng schein Vakanz wenschen, an hoffen dir kommt gudd iwwert d Feierdeeg an an d neit Joer.

Mir hun epuer Neiegkeeten fir ärch, dei ma ärch lo gäer weilten matdeelen.

 

1.    Memberskuart

Mir wellen allen Leit, dei hier Memberskuart bezuelt hun Merci soen.

 

2.    Busreesen

Mir fueren geint Schalke an Bayern nees mam Bus op Gladbach. Wann dir dodrun interesseiert sidd, dann mellt ärch w.e.g. um 621 34 64 11. Fier Iessen an Gedrenks ass gesuergt.

 

3.    Gebuertsdaagsfeier

Den 5. Mee 2012 hun mir welles, eist 15. Jähregt Bestoen ze feieren. Bis lo kommen ma gudd firun, mais et wärt nach een separaten Newsletter mat allen Informatiounen rausgoen.

 

4.    Nei Kollektioun

Fir d' Reckronn hun mir eis iwwerluet och eng nei Kollektion ze maan. Et kritt een:

                  En Polo T-Shirt fir 30 €

                  En USB Stick mat 4 GB + Flaschenöffner fir 15 €

                        Eng Mutz mat Opschreft "Gladbacher Fohlen Letzebuerg"

 Druckvorschau  email

September 2011 17.09.2011 - 23:53

Fanclub Gladbacher Fohlen Lëtzebuerg asbl

 

NEWSLETTER

FIR EIS MEMBEREN (Sept. 2011)

 

Léif  Memberen,

des Zeilen gin geschriwwen just nom 1:0 geint den HSV an mat GLADBACH op Tabellenplaatz 2 (op manst fir eng Nuecht).

Mier wollten iech an Kenntnis setzen das nach e puer Plaazen géint DORTMUND (Weekend vum 3. Dezember) fräi sin an géint BAYERN schon alles ausverkaaf ass (mir kënnen iech awer nach Tickets besuergen wann dir mam Auto fuert).

Déi éischt Kandidaten géint KÖLN (den Preis wert bei 75 bis 80 Euro leien, je no Topzouschlag) sin och schon am Rennen.

Die Leit déi d'Busrees géint BAYERN  schon bestallt hun, gin vum Roger kontakteiert fier ze iwerweisen.

Fir den leschten Match géint AUGSBURG wärten mir nees zu GLADBACH iwernuechten an do och deelweis eis 15 Joer Bestoen feieren.

Unmeldungen gin iwer accompte (100 EUR sin bis den 15. November op den Konto vum Club ze iwerweisen) entgeint geholl.

Fir den 5. Mai plangen mir en Event fir eis 15 Joer. Weider Details kommen nach, mee den Datum sollt dir iech onbedengt freihaalen.

Mir wollten iech och nach eng kéier drun erënneren fir är Memberskaart ze bezuelen, déi et nach nët  gemeet hun.

Cotisatioun 2011 vun 10€ as ob den Kontosnummer IBAN LU10 1111 2340 9332 0000 ze bezuelen.

Merci deenen iwer 130 Memberen déi daat schons gemeet hun.

Déi, déi den Newsletter iwert E-mail wellen gescheckt kréien, sin gebieden eng Mail un borussia@borussia.lu  ze schecken

oder sech do als User anzeschreiwen.

Wollten ierch awer och nach fir den villen Luerf merci soen; et kann net ëmmer alles Perfekt sin dofir wann mir eppes können verbesseren,

loost eis daat einfach wëssen.

Géint Nürnberg  sin och nach eis Dauerkaarten ze kreien. Mellt Iech op der Hotline.

Mat schwuarz waiss gréngen Greiss

Président                                                                                                                            Sekretär

Jungers Christian                                                                                                              Bernard Dan

                                                                   E-mail borussia@borussia.lu           .        www.borussia.lu     .       Compte : CCPL IBAN LU10 1111 2340 9332 0000

                                                         TICKET HOTLINE :  621 34 64 11                   

 Druckvorschau  email

Saison 11/12 04.08.2011 - 18:02

Gladbacher Fohlen Lëtzebuerg

 

 

 

                                        NEWSLETTER

                                   FIR EIS MEMBEREN

 

 

No der Generalversammlung haaten mir den 4.Juli 2011 eng Comitésversammlung fir deen neien Conseil d’Administrativ ze besetzen

all Plaaz as eenstëmmeg vun den Memberen aus dem Comité gewielt gin. Den neien Président as den Jungers Christian,

 

Vize-président Colombera Marcel, Trésorier as den Fioriferi Roger an den  Sekretär Bernard Dan.

Weider Memberen sin coopteiert gin an et handelt sech do em den Baulesch Marc an Bernard Sandy.

Verschidden décisiounen sin geholl gin an weider Aufgaben un aaner Comités-memberen verdeelt gin.

Den Comité huet décideiert :

 

Busréesen duerch den Spillplang 2011/2012 ob des 5 Matcher ze fueren. Elo an der Hinronn fueren mir just geint Dortmund kucken.

An der Réckronn fueren mir dann geint Bayern, Schalke, Köln an den leschten Heemmatch geint Augsburg kucken.

 Ticket’en sin ze bestellen ennert der neier Hotlinenummer: 621 34 64 11. Den Délai fir Ticket’en ze bezuelen as festgelued ob 14 Deeg.

Ticket’en sin perseinlech ewech ze huelen, mat ofsprooch vum Roger Fioriferi oder mir können se och verschecken,

mä den Versand as aus Sëcherheetsgrënn mat recommandé ze verschecken. Käschten duerch den Versand sin duerch Memberen ze bezuelen.

Duerch daat perseinlecht ewech huelen, kommen keng zousätzlech Fraien dobäi.

Den Club verfügt iwwer 4 Dauerkaarten, wou Memberen vun all Heemmatch können profiteieren. Avis aux amateurs, den eischten as fir.

 

Dei eischt Busrées géint Dortmund as mat 75€ festgelued. Memberen kreien pro Memberskaart net mei wei  4 Ticket’en.

Den Comité huet och décideiert das Präisser am Bus adaptéiert gin:

Béier, Cola, Fanta sin 2€, Vittel 1€, Bréidercher 2,50€ an Pronostiken bleiwen bei 1€.

 

Cotisatioun 2011 vun 10€  as ob den Kontosnummer IBAN LU10 1111 2340 9332 0000.

 

Aaner Punkten an décisiounen wärden mir iech matdeelen an engem aaneren Newsletter.

Internetsäit get virun der neier Saison à jour gesaat.

 

Merci fir ärt Versteesdemech an ob eng erfolegreich Saison 2011/2012

 

Président                                                                                                                            Sekretär

Jungers Christian                                                                                                              Bernard Dan

 

Comitémemberen :

 

Jungers Christian, Colombera Marcel, Bernard Dan, Fioriferi Roger, Schumacher Nadine,

Feyder Romain, Colombera Fritz, Bernard Sandy, Schwickert Roger, Baulesch Marc

                                                                   

E-mail borussia@borussia.lu           .         www.borussia.lu           .       Compte : CCPL IBAN LU10 1111 2340 9332 0000

 

                                                         TICKET HOTLINE :  621 34 64 11     

 Druckvorschau  email

Login
Fan-Shop
Werbung
Event
Mo Di Mi Do Fr Sa So
12345
6789101112
13141516171819
2021 22 23242526
272829
Februar
Counter
Gesamt: 62156
Gestern: 343
Heute: 348
Online: 1
IP: 38.107.179.242
Statistik
News
Das Portal W-P ist geistiges Eigentum von D. Kahl Zertifizierter Verkauf über http://www.web-php.de W-P CMS WEB-Portal V3.21 vom: 06.07.2011 - 19:43